Ort-Kategorie: Landwirtschaft
Haff am Aker läit idyllesch an enger roueger Géigend, um Rand vum klengen Duerf Waldbëlleg, an der wonnerschéiner Regioun Mëllerdall. Matten an der Natur bidde mir Aktivitéiten un fir Grouss a Kleng – ideal fir Schoulklassen, Crèchen, Maison Relais an aner Gruppe, déi d’Déieren an d’Liewen um Haff ganz no an authentesch kenneléieren an erliewe wëllen.
Op eisem Haff fannt Dir Mëllechkéi, Ieselen, Ponyen, Geessen, Hénger, Schof, Kazen an eisen treien Hond d‘Lotti, déi sech all freeën, Är Bekanntschaft ze maachen. Fir all Alter gëtt et vill ze entdecken – vum Déiere kenneléieren, beobachten, fidderen, iwwer spilleresch Aktivitéiten um Haff an am Gaart, bis zum Entdecke vun der Natur.
Nieft der viller Plaz dobausse bidde mir och e gemittlechen, geheizte Raum mat enger Kichen, an dem d‘Gruppen sech entspanen an ënnerschiddlech Aktivitéiten ofhale kënnen. Dëst erlaabt et fir sech bei all Wieder wuelzefillen.
Kommt laanscht, erlieft d’Faszinatioun vum Liewen um Haff, a loosst Iech vun der Natur verzauberen – Mir freeën eis ob iech.- 33, rue André Hentges
Luxemburg
Luxembourg
L-7680 Waldbillig
Luxemburg Keine Einträge gefunden
Leider wurden keine Einträge gefunden. Bitte ändere deine Suchkriterien und versuche es erneut.
Google-Karte nicht geladen
Es ist leider unmöglich die Google-Maps-API zu laden.
-