Ort Category: Landwirtschaft
Screenshot Screenshot
Haff am Aker läit idyllesch an enger roueger Géigend, um Rand vum klengen Duerf Waldbëlleg, an der wonnerschéiner Regioun Mëllerdall. Matten an der Natur bidde mir Aktivitéiten un fir Grouss a Kleng – ideal fir Schoulklassen, Crèchen, Maison Relais an aner Gruppe, déi d’Déieren an d’Liewen um Haff ganz no an authentesch kenneléieren an erliewe wëllen.
Op eisem Haff fannt Dir Mëllechkéi, Ieselen, Ponyen, Geessen, Hénger, Schof, Kazen an eisen treien Hond d‘Lotti, déi sech all freeën, Är Bekanntschaft ze maachen. Fir all Alter gëtt et vill ze entdecken – vum Déiere kenneléieren, beobachten, fidderen, iwwer spilleresch Aktivitéiten um Haff an am Gaart, bis zum Entdecke vun der Natur.
Nieft der viller Plaz dobausse bidde mir och e gemittlechen, geheizte Raum mat enger Kichen, an dem d‘Gruppen sech entspanen an ënnerschiddlech Aktivitéiten ofhale kënnen. Dëst erlaabt et fir sech bei all Wieder wuelzefillen.
Kommt laanscht, erlieft d’Faszinatioun vum Liewen um Haff, a loosst Iech vun der Natur verzauberen – Mir freeën eis ob iech.- 1 im Acker
Luxemburg
Luxembourg
L-7634 Waldbillig
Luxembourg No Records Found
Sorry, no records were found. Please adjust your search criteria and try again.
Google Map Not Loaded
Sorry, unable to load Google Maps API.
-