Ort-Kategorie: Landwirtschaft
Mir sinn e Famillebetrieb täteg an der Mellichproduktioun a mir baue Setzgromperen un. De Bauer Marc, seng Fra Tania an de Rol schaffen um Betrieb. Mir kréien gudd gehollef vun eisen dräi Kanner. Mir hunn en Hond, Kaatzen, zwou Geessen, e Schof, Kaalwer, Ranner a Mellichkéi. Eist Josefin erzielt, ob wat mer am Stall mussen oppassen.Eist Konzept: o Angscht virun den Déieren huelen o Weisen wou Mellich hier kënnt o Zesummen um Bauerenhaff schaffen o D’Bild vum Bauer bei der Populatioun richtegstellen o Mir sinn mat der Zäit gaangen: hunn investéiert, evoluéiert an eis spezialiséiert. o Mir huelen Gruppen un, déi am Kader vun engem Projet méi oft bei eis wëlle kommen, a schaffen fir sie oder mat hinnen e Projet aus. o Mir sinn awer och bereed en Ausflugsziel se sinn, fir Klassen a Gruppen, déi sech en Androck vum Bauerenhaff wëllen huelen. Ureesen: – Mir hunn en öffentlechen Busarrêt op 200 Meter bei eisem Haff. – Vun der Gare vu Klierf fiert e Bus op Houfelt. – Virum Betrieb kann ee reservéierte Bus stallhalen an oder d’Kéier maachen. – Mir kënne Parkplaatze virgesinn, fir privat Autoen. Mir sinn Member bei der APFAPL, bei d’fair Mëllech an bei ARLA Hof Entdecker
- 62, an der Driicht
Luxemburg
Luxembourg
L-9960 HOFFELT
Luxemburg Keine Einträge gefunden
Leider wurden keine Einträge gefunden. Bitte ändere deine Suchkriterien und versuche es erneut.
Google-Karte nicht geladen
Es ist leider unmöglich die Google-Maps-API zu laden.
-